Monique Ley

Artiste Monique Ley

Présentation de l'artiste

Als gebiertegt Schierener Meedchen war ech schonn zanter menger Jugend frou mam Zeechnen. Als Kand hunn ech gären an d‘Poésiealbumme gemoolt, duerno hunn ech vill Menüskaarten an der Kalligraphie-Schrëft geschriwwen, fir dann Fiederzeechnungen mat schwaarzer Tusch ze molen. Dunn hunn ech et mat Uelegfaarwen versicht.

Mee well ech während 41 Joer meng Karriär op enger lëtzebuerger Bank opgebaut hunn, gouf dann awer eng laang Paus mat dësem Hobby gemaach.
Mat molen hunn ech virun engem knappe Joer nees ugefaang, a well et mir Freed mécht fir meng Biller faarweg ze gestallten, molen ech elo mat acryl Faarwen, dëst haaptsächlech abstrakt Biller. Niewent mengen aneren Hobbyen, wéi sangen, Musek a virun allem reesen a fotograféieren, fänkt elo d‘Molen un eng Passioun a Leidenschaft ze ginn. Meng Biller sinn am Moment nach éischter kleng bis mëttelgrouss, an et géif mech freeën, Iech léif Leit, op eiser
Hobbykënschtler Ausstellung kënnen ze begréissen.

Quelques oeuvres :